Waasserfläsche sinn elo am Liessall erlaabt D’BnL lauschtert Iech no

Wéinst enger grousser Demande vun hiren treie Notzer annoncéiert d’Nationalbibliothéik, datt Waasserfläschen elo am Liessall erlaabt sinn, dëst ënnert der Konditioun, datt se duerchsiichteg sinn an eng maximal Kapazitéit vu 500 ml hunn.

Dës Moossnam, déi fir eng Patrimonialbibliothéik aussergewéinlech seelen ass, gouf geholl fir de Komfort an d’Wuelbefanne vun de Lieser ze verbesseren.

Wëll den Impakt vun dëser Moossnam an enger Testphase bewäert gëtt, behält d’BnL sech d’Recht vir, dës Mesure wann néideg unzepassen. Als Patrimonialbibliothéik, déi rar, eenzegaarteg a wäertvoll Dokumenter conservéiert, biet d’BnL hir Notzer, d’Dokumenter virsiichteg an op eng verantwortlech Manéier ze handhaaben.

Aktualiséiert