Kuckt eis Dokumenter fir den 35. Anniversaire vum Fall vun der Berliner Mauer Nei Selektioun am Espace découverte

Sidd Dir op der Sich no Inspiratioun? All Mount widmen sech eis Chargés de collections engem bestëmmten Thema unhand vun enger Auswiel un Dokumenter aus de Fonge vun der National­­bibliothéik. Entdeckt dëse Mount eis Selektioun fir den 35. Anniversaire vum Fall vun der Berliner Mauer!

De Bau vun enger Mauer an enger Stad, déi et den Awunner verhënnert fräi vun engem Deel an deen aneren ze goen, bleift bis haut en eenzegaartegt Evenement an der Geschicht. An der Nuecht vum 12. op den 13. August 1961 huet d’ostdäitsch Regierung den Uerder ginn, dës Struktur opzeriichten, als Äntwert op déi massiv Auswanderungen, déi d’Demokratesch Republik Däitschland („Deutsche Demokratische Republik“, 1949-1990) geschwächt hunn. Mat enger Längt vun 155 km huet d’Berliner Mauer d’politesch Trennung vun enger Haaptstad verkierpert, déi souwuel d’Oneenegkeet wéi och d’Konfrontatioun tëscht den Ex-Alliéierte vum Zweete Weltkrich symboliséiert. De Fall vun der „Mauer“ als Reaktioun op d’Volleksprotester, déi sech am Oktober-November 1989 iwwer ganz Ostdäitschland verbreet hunn, ass onbestridden e wichtegt Evenement an der Geschicht vun den internationale Relatioune vum 20. Joerhonnert: En huet de Wee fir d’Vereenegung vun den zwee Däitschlänner am Joer 1990 opgemaach an huet duerch en Domino-Effekt den Zerfall an d’Verschwanne vun der Sowjetunioun (UdSSR) e Joer méi spéit ausgeléist.

Dir fannt dës Selektioun am Espace découverte um Rez-de-chaussée vum Liessall. Wann Iech ee vun dësen Dokumenter interesséiert, kënnt Dir et einfach aus dem Regal huelen. Si kënnen alleguer op der Plaz consultéiert an/oder ausgeléint ginn. Vill Freed beim Liesen!

Aktualiséiert den