Noriichten
Am Abrëll 2026 wäert d’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg eng gréisser temporär Ausstellung iwwer Friddenskonzepter am Grand-Duché vu Lëtzebuerg opmaachen. D’Ausstellung wéi och déi begleedend wëssenschaftlech Publikatioun wäerten en ëmfaassenden Iwwerbléck iwwer déi vill Initiative bidden, déi sech säit dem 19. Joerhonnert fir de Fridden esou wuel zu Lëtzebuerg wéi och iwwer d’Landesgrenzen eraus agesat hunn.
Am Kader vun dësem Projet rifft d’BnL zu Donen oder Prêten op, fir hir gedréckte Sammlungen ze erweideren an d’Ausstellung ze beräicheren.
Mir sinn op der Sich no Objete wéi:
Material zu follgenden Theme gi besonnesch gesicht: nuklear Oprëschtung, Nato-Protestbeweegungen, Anti-Vietnamkrich-Protester, Solidaritéit mat Chile, Nicaragua-Comité, Ostermärsche an Anti-Atomkraaft-Beweegung, Protestbeweegunge géint den Irakkrich, den Ukrain-Russland- a den Israel-Palestina-Krich, humanitär Aktiounen an ONGen.
Wann Dir am Besëtz vun esou Objete sidd, déi fir eis vun Interessi kéinte sinn, kontaktéiert eis wgl. per E-Mail bis de 16. Dezember 2024.
Aktualiséiert den