a-z.lu praktesch erkläert an eiser neier Videoserie

Mat just e puer Klicks bréngt Iech a-z.lu bei Äert gewënschte Resultat – egal ob et sech ëm gedréckten oder digital Dokumenter handelt. Eis nei Videoserie gëtt Iech eng verständlech Aféierung an d’Sichmaschinn, déi Iech d’Recherche am Katalog vun der Nationalbibliothéik a vun anere Bibliothéiken am bibnet.lu-Reseau vereinfacht.

D’Guidë sinn op Franséisch, Däitsch an Englesch disponibel. Léiert dat Wichtegst an eise fënnef éischten Tutorialen:

  1. Sech umellen
  2. Eng einfach Sich maachen
  3. Resultater filteren
  4. Dokumenter reservéieren
  5. Prête verlängeren

Weider Videoe si schonns a Virbereedung. Gëtt et e bestëmmten Thema, wat mir behandele sollen? Deelt eis Är Wënsch mat! An Tëschenzäit kënnt Dir eis Online-Hëllef consultéieren, u Workshoppen deelhuelen oder Iech direkt un e Mataarbechter adresséieren, wann Dir Hëllef bei Ärer Recherche braucht.

D’Videoen op YouTube kucken

Aktualiséiert