D’BnL bitt Open-Source-Léisung fir den automateschen Drock vu Bibliothéiksmatdeelungen un Kompatibel mam System fir d’Gestioun vu Bibliothéiken Alma

Säit  November  2022  huet  d’Nationalbibliothéik  de  System  fir  d’Gestioun  vu  Bibliothéiken  Alma  agefouert,  fir  d’Handhabung  vun  hire  Bibliothéiksdaten  ze  optiméieren  a  fir  méi  effizient  Outile  fir  d’Recherche  ubidden  ze  kënnen.  Mat  der  Ëmstellung  op  déi  nei  Plattform  hunn  och  verschidden  Aarbechtsofleef  missen  ugepasst  ginn,  besonnesch  den  Drock  vu  Bréiwer  a  Matdeelungen  am  Bezuch  mat  Dokumenter  aus  de  Fongen,  wéi  zum  Beispill  Rappeller  a  Bestätegunge  fir  de  Prêt.

Fir  dës  Prozesser  ze  optiméieren,  huet  d’Divisioun  vun  der  IT  an  der  digitaler  Innovatioun  vun  der  BnL  eng  Software  entwéckelt,  déi  dës  deeglech  Aufgabe  vereinfacht.  Wëll  weltwäit  vill  Bibliothéiken  d’Alma-Plattform  notzen,  huet  sech  d’BnL  dozou  entscheet,  d’Software  als  Open  Source  zur  Verfügung  ze  stellen,  fir  anere  Bibliothéiken  d’Méiglechkeet  ze  ginn,  hir  Drockaufagben  op  eng  zouverlässeg  a  flexibel  Manéier  ze  automatiséieren.

D’Software  erméiglecht  den  einfachen  Drock  vu  Bréiwer  a  Matdeelunge  vun  der  Alma-Cloud-Plattform  op  allen  Imprimanten,  déi  vun  der  Bibliothéik  festgeluecht  goufen.  Et  handelt  sech  ëm  eng  performant  Léisung,  déi  mat  enger  Feelererkennung  an  engem  automatesche  Warnsystem  am  Fall  vun  engem  Problem  ekipéiert  ass.  D’Matdeelunge  ginn  och  fir  eng  konfiguréiert Zäit  am  PDF-Format  gespäichert.  Je  no  de  Besoine  vun  der  Bibliothéik  kënne  méi  Kopië  vun  der  nämmlechter  Matdeelung  gedréckt  ginn. D’Software  besteet  aus  zwee  Deeler,  déi  op  Github  erofgeluede  kënne  ginn.

„Dréck“-Deel „Surveillance“-Deel

Aktualiséiert