D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg huet den e-D-A-CH-L-Colloque 2023 empfaangen Iwwer d’Zukunft vun der Wëssensverbreedung am digitalen Zäitalter

D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg fillt sech geéiert, den 23. a 24. Oktober 2023 huet dierfen de järlechen e-D-A-CH-L-Colloque ze empfänken, deen d’Nationalbibliothéike vun Däitschland, Éisträich, der Schwäiz a Lëtzebuerg zesummebruecht huet, an esou eng gemeinsam Plattform fir de Wëssensauschtausch am däitschsproochege Raum gebueden huet. D’Representantë konnten entweder a Persoun oder online deelhuelen.

Am Mëttelpunkt vum Colloque stoungen d’Technologie an d’Innovatioun am Bibliothéiksberäich. D’Participante konnten sech mat wichtegenThemen, wéi d’Digitaliséierung vu gedréckten Dokumenter, der Web-Archivéierung an der laangfristeger Preservatioun ausenanersetzen. Dëse Schwéierpunkt op d’Notzung vun neien Technologien, wéi der kënschtlecher Intelligenz, fir d’Konversatioun an d’Accessibilitéit vum Wëssen ënnersträicht déi zentral Roll, déi Bibliothéike bei der Entwécklung vun der Wëssensverbreedung am digitalen Zäitalter spillen.

De Colloque huet d’Nationalbibliothéike vun Däitschland, Éisträich, der Schwäiz a Lëtzebuerg zesummebruecht.

Säit iwwer 20 Joer setzt d’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg op Numerisatioun, souwuel fir d’Accessibilitéit vun hire Sammlungen awer och fir d’Opwäertung vun den internen Aarbechtsofleef a -Prozesser ze garantéieren. Si féiert a bedeelegt sech un Innovatiounsprojeten an de Beräicher vun der Numerisatioun, der Web-Archivéierung, der kënschtlecher Intelligenz, dem Dateschutz, dem Katalogiséieren an der laangfristeger Preservatioun. Eréischt virun e puer Wochen huet si den Chatbot vun eluxemburgensia.lu verëffentlecht: e wichtege Meilesteen an der Missioun vun der BnL, e méi liichten a méi ausgebauten Zougrëff op hir digitaliséiert lëtzebuergesch Ressourcen ze bidden

Aktualiséiert