D’BnL krut d'Gedenkrumm vum Sondertimber ‘225 Joer Nationalbibliothéik’ POST Philately

Ephemerasammlung

D’Nationalbibliothéik huet viru kuerzem d’Gedenkrumm fir dee vu POST Philately verëffentlechte Sondertimber 225 Joer Nationalbibliothéik kritt. D’Iwwergab huet freides, de 6. Abrëll 2023 am Gebai vun der Bibliothéik stattfonnt. POST Philately gouf vum Isabelle Faber, Member vum Comité exécutif vu POST Luxembourg a vum Emile Espen, Direkter vum Departement vun der Philathélie vu POST Luxembourg, vertrueden.

D’Madamm Faber huet der BnL och d’Gedenkrumm vun engem aneren Sondertimber zum Thema BnL iwwerreecht, deen 2019 fir d’Aweiung vum neie Bibliothéiksgebai erausgi gouf. Wärend den éischten Timber d’Gebai bekannt maachen an dem Public virstelle sollt, leet deen dësjäregen Timber méi Wäert op d’Sammlungen, déi an der BnL versuergt ginn esou wéi och op hir Missiounen.

(v.l.n.r.) Christophe Marinheiro, Emile Espen, Luc Deitz, Philippe Majeres, Christine Kremer, Claude D. Conter, Isabelle Faber, Kim Krier.

De Sondertimber vun 2023 weist eng dekoréiert Initial “Q” aus dem Manuskript vum spéiden 12. Joerhonnert, dat zur Bibliothéik vun der eemoleger Zisterienserabtei vun Orval gehéiert huet. D’Manuskript enthält eng Sammlung vu Texter, déi ursprénglech vum Eusebius vu Caesarea (3./4. Joerhonnert) op Griichesch verfaasst a vum hellegen Hieronymus (4./5. Joerhonnert) an d’Laténgescht iwwersat goufen, an op eng genau Interpretatioun vu bestëmmte Stéchwierder aus dem hebräeschen Text aus dem Alen Testament berout.

De Sondertimber vun 2023 weist eng dekoréiert Initial “Q” aus dem Manuskript vum spéiden 12. Joerhonnert, dat zur Bibliothéik vun der eemoleger Zisterienserabtei vun Orval gehéiert huet.

Den Extrait aus dësem Manuskript gëtt vun zwou Banneren an der Faarwencharte vun der BnL a vun engem Curseur iwwerluecht, deen informatesch Outilen, den Internet an d’Informatiouns- a Kommunikatiounstechnik symboliséiert. Dësen Timber erënnert esou wuel un déi patrimonial Ressourcen, déi am Mëttelpunkt vun de Missioune vun der BnL fir d’Erhalen an Diffusioun vum gedréckte Patrimoine vu Lëtzebuerg stinn, wéi och fir nei Technologien, déi agesat ginn, fir dës historesch Dokumenter ze versuergen an se engem gréisstméigleche Publikum disponibel ze maachen.

Déi zwee Sammeltimbere ginn an der BnL versuergt a sinn Deel vun der Ephemerasammlung. Si ëmfaasst gedréckten Dokumenter aus dem deegleche Gebrauch. Dozou gehéieren zum Beispill Kalenneren, Diplomer, Doudebillercher, Invitatiounen, Menüskaarten, Entréesticketen, al Rechnungen op Entête-Pabeier oder Reklammen.

Aktualiséiert