Neien Timber fir den 225. Anniversaire vun der BnL POST Philately

D'Nationalbibliothéik freet sech bekannt ze ginn, datt fir hiren 225. Anniversaire e Gedenktimber eraus komm ass. Den Timber ënnersträicht déi duebel Roll vun der BnL, nämlech d'Conservatioun an d'Vermëttlung vum schrëftleche Patrimoine un de Public, an dat iwwer d'Landesgrenzen eraus.

De 225. Anniversaire vun der BnL geet op déi éischt ëffentlech Bibliothéik a Lëtzebuerg zeréck, déi 1798 vun den Autoritéite vun der franséischer Republik gegrënnt gouf. Si war aus den opgeléiste Sammlunge vun der Bibliothèque des anciens Etats de Luxembourg, der Bibliothéik vun de Jesuitten a vun de Bibliothéike vun anere reliéisen Uerderen (Echternach, Luxembourg-Ville, Orval) zesummegestallt, déi haut an der BnL ënnerbruecht sinn.

Insgesamt goufe 75.000 Exemplairë vum Timber hiergestallt. Dëse Sammeltimber kann ee wärend den nächsten zwou Wochen an alle Postbüroen, am E-Shop vu POST Philately an am Guichet philatélique an der 13 rue Stumper Luxembourg-Cloche d'or kréien.

Op den E-Shop von POST Philately goen

Aktualiséiert