Entdeckt d'Bibliographie de la littérature française a Klapp online

D'Lieser vun der Nationalbibliothéik hunn elo Zougrëff op zwou nei Datebanken: d'Bibliographie de la littérature française a Klapp online.

Bibliographie de la littérature française

D'Bibliographie de la littérature française gëtt zesumme vun der Nationalbibliothéik Frankräich, der Société d'histoire littéraire de la France a vu Classiques Garnier numérique produzéiert an hëlt déi säit 1998 verëffentlecht Studien op, déi sech mat der franséischer a franséischsproocheger Literatur a Frankräich an am Ausland vum 16. Joerhonnert bis haut befaassen. Vun 1998 bis haut goufe méi ewéi 200.000 detailléiert Anträg verëffentlecht, dorënner méi ewéi 105.000 Wierker oder Bäiträg zu Wierker, méi ewéi 75.000 Artikelen an Dossieren aus Zäitschrëften a méi ewéi 28.000 Rezensiounen. D'Online-BLF gëtt deeglech aktualiséiert an hëlt nei Verëffentlechungen op. Sie ass en immens hëllefräichen Outil fir Fuerscher, Enseignanten, Studenten a jiddwereen, deen sech iwwer franséisch a franséischsproocheg Literatur, en Auteur, en Thema oder eng Epoch informéiere wëll.

Zougrëff via a-z.lu

Klapp online

Klapp online, d'Bibliographie vun der franséischer Literaturwëssenschaft, ass mat hiren 122.531 Artikelen aus Sammelbänn, 190.146 Artikelen aus Zäitschrëften, 111.031 Monographien a Rezensiounen a 1.546 Zäitschrëften en wichtegt Hëllefsmëttel fir d'Studium vun der franséischer Literatur.

Dir kënnt just bannent dem Gebai vun der Nationalbibliothéik op d'Datebank zougräifen.

Zougrëff via a-z.lu

▪ D’Informatiounen an dësem Artikel sinn zum Zäitpunkt vu senger Publikatioun korrekt. Beuecht wannechgelift, datt sech eis digital Offer stänneg weiderentwéckelt. Dowéinst kënne verschidden Informatiounen, wéi z. B. d’Modalitéite fir den Zougrëff oder den Inhalt vun Datebanken, säitdeem geännert hunn oder net méi aktuell sinn.

Aktualiséiert