Notabel Acquisitioune vum leschte Joer Eng Rees duerch eis Spezialsammlungen

D’Nationalbibliothéik keeft all Joer faszinéierend nei Objete fir hir Spezialsammlungen. 2022 war do keng Exceptioun, a mir freeën eis, Iech e puer vun den Objeten, déi bei eisen Experten a Chargés de collections groussen Interessi ausgeléist hunn, ze presentéieren.

Vu wäertvollen Handschrëfte bis hin zu zäitgenëssesch Postkaarten, Affichen an Annoncen aus dem 18. a 19. Joerhonnert huelen Iech dës notabel Acquisitioune mat op eng Rees duerch d’Zäit. Si illustréieren eise Efforte fir den nationale Patrimoine ze conservéieren, seng Laangliewegkeet ze garantéieren, en ze valoriséieren an der Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen.

Manuskriptesammlung

Wopebuch. Däitsch Handschrëft op Pabeier. Nürnberg ca. 1550, Register 1683. Zäitgenëssescht Ganzpergament (beschiedegt), 33 x 21 cm, [1] Bl., 66 pag. Säiten, [1] w. Blat, pag.S. 67- 271, [8] Bl. Register [2] Bl. Ajouten. Mat prachtvoll faarwege Wopenzeechnungen, am éischten Deel iwwert déi ganz Säit ab S. 67 duerno jeeweils 4 op engem Blat. Beschrëftung a kalligraphescher Fiederschrëft.

Am Mäerz 2022 huet d’Mme Josannette Loutsch-Weydert, Fra vum verstuerwenen Dr. Jean-Claude Loutsch, der BnL d’Fachbibliothéik vun hirem Mann geschenkt. D’Sammlung ëmfaasst 43 Handschrëften, vun deenen der dräi méi al wéi 1500  sinn (en italieenescht Wope vum Ufank vum 15. Joerhonnert; e Wope vun de Famillje vu Bourgogne, Champagne, Barrois, Vermandois, Picardie, Ponthieu, Artois a Flandre, dat ëm 1490 erstellt gouf, an dat berüümte Wope vu Miltenberg, dat ëm 1492 verfaasst gouf) an zwielef, déi zumindest an hirer éischter Schicht virun 1628 entstane sinn, dorënner den aussergewéinleche Wope vu Lorraine vum Enn vum 16. Joerhonnert aus dem Besetz vum Äerzherzog Maximilian Franz an zwee libri amicorum vun den Adelege vun Hennegau, Philippe de Mérode (verstuerwen 1605) an Jean-Guillaume de Spangen (verstuerwen 1618).

Ephemerasammlung

Reklammsplakat vun der Schiggerisfabrik Auguste de Saint-Hubert (1843-1908).

Dës Reklammesplakat vun der Schiggerisfabrick Auguste de Saint-Hubert (1843-1908) an der Rue du Nord (Schiggerisgaass) zu Lëtzebuerg (net datéiert) huet d’BnL am Mäerz 2022 kaaft. Kaffiersatzproduite wéi Duriankaffi, Malzkaffi oder Schiggeriskaffi waren net just a Krisenzäiten en abordabele Produit, mee si säit dem 19. Joerhonnert beléift. De Kaffiersatz vun der Firma Auguste de Saint Hubert gouf méifach ausgezeechent, ënner anerem och op der Paräisser Weltausstellung vun 1889. D’Strooss an där d’Fabrick louch, gouf ëmgangssproochlech no hir ëmbenannt: “Schiggerisgaass”.

Sammlung vu Kaarten, Pläng, Atlassen a Vuen

Kaart, déi nieft der Provënz Lëtzebuerg um rietse Rand och eng Usiicht vun der soss onbekannte Festung Lëtzebuerg enthält.

Am Joer 2022 huet d’BnL 9 Blieder vum Leo Belgicus kaf fir hir Sammlung ze vervollstännegen. Dëst Originalformat, dat op den Éisträicher Michael von Aitzing (De Leone Belgico, ejusque topographica atque historica descriptione liber ... Michaele Aitsingero auctore, Köln: G. Campensis, 1583) zeréckgeet, weist déi 17 Provënzen vun Holland a Form vun engem krauchenden, no Oste kuckende Léiw, deem säi Réck der Küstelinn noleeft. D’Lëtzebuerg vun deemools (oft zesumme mat Metz a Tréier) gëtt typescherweis an der viischter lénker Patt gewisen. D’Wierk, an deem de Léiw déi éischte kéier gedréckt gouf, ëmfaasst Detailer iwwer d’Onofhängegkeetskricher, déi Holland géint d’Joch vun Habsburg gefouert huet.

D’Symbolik ass liicht ze erklären: De Léiw huet als dat stäerksten Déier gegollt, an d’Belsch waren nom Urteel vum Julius Cäsar a sengem Gallesche Krich de stäerkste vun de gallesche Stämm.

Obwuel all déi eenzel Deeler aussergewéinlech sinn, kënnen der e puer dovunner ervirgehuewe ginn: déi vum H. Hondius (1630) ausgefouerte Versioun, vun där et nëmmen zwou Kopien an den ëffentleche Sammlungen op der ganzer Welt gëtt (zu Koblenz a Paräis); oder d’Blat, dat warscheinlech vum H. Gerritsz ëm 1611 gestach gouf a vun deem kee weideren Exemplaire bekannt ass; esou wéi och d’Kaart vum C.J. Visscher (ca. 1611-ca. 1621), déi nieft der Provënz Lëtzebuerg am rietse Rand och eng Vue vun der Festung Lëtzebuerg weist, déi soss onbekannt ass.

Plakat- a Postkaartesammlung

Postkaart, verëffentlecht vum Natur- a Geopark Mëllerdall am Joer 2017.

Dës vum Alan Johnston illustréiert Postkaart weist zwee Äppel vun der Zort „Lëtzebuerger Triumph“ zesumme mat enger Äppelbléi. Op der Récksäit fënnt een ausféierlech Erklärungen zu dëser Äppelzort an der Laangliewegkeet vun de Beem. D’Kaart, déi 2017 vum Natur- a Geopark Mëllerdall erausgi gouf, ass iwwert den Dépôt legal an d’Sammlunge vun der BnL komm.

Musekssammlung vum Cedom

Ofzeeche vum Blosensembel Troaterbattien.

D’Sammlung Troaterbattien dokumentéiert d’Geschicht vun engem Blosensembel vu ronn 30 Amateur- a Profimuseker, déi e Repertoire interpretéiert hunn, dat een als Potpourri vun der populärer Musek bezeechne kann. D’Sammlung Troaterbattien ëmfaasst virun allem d’Wierker an Opféierunge vu lëtzebuergesche Komponisten an Arrangeuren, mee awer och finanziell Dokumenter, Konzertprogrammen a verschidden Objeten.

Ikonographesch Sammlung

Am Joer 2022 huet d’BnL en aussergewéinlecht Ensembel vu Stéch, Drockgrafiken an zwee Kënschtlerbicher vum lëtzebuergesche Kënschtler Misch Da Leiden kaf, deem d’Ausstellung Summer of 69 an der Villa Vauban (November 2021 bis Mee 2022) deels gewidmet war.

▪ Dëst ass en editéierten Extrait aus eisem Joresbericht 2022, deen Dir op eiser Säit vun de Publikatiounen erofluede kënnt. Méi gewuer ginn

Aktualiséiert den