Informatiounen zum RGPD
Informatiounen zum RGPD
Umeldung a Lieserkont
Fir d’Umeldung bei der BnL musse folgend Informatiounen an Noweiser presentéiert ginn: Numm, Virnumm, Gebuertsdatum, Privatadress, E-Mail-Adress, Kopie vun engem Identitéitsdokument oder eng elektronesch Ënnerschrëft. D’BnL behält sech d’Recht vir, e Certificat vum Wunnuert an/oder e Certificat iwwer d’Immatrikulatioun bei enger Héichschoul, déi vum lëtzebuergesche Staat unerkannt ass, ze verlaangen.
Dës Informatiounen (d’„perséinlech Donnéeën“) sinn néideg, fir d’Umeldung ze validéieren an e perséinleche Lieserkont anzeriichten. Eng Kopie vun der Umeldungsfiche gëtt a Pabeierform an den Archive vun der BnL versuergt. Ouni Verlängerung ass d’Dauer vun der Umeldung fir d’BnL zwee Joer. 24 Méint, nodeems all d’Umeldunge fir d’Bibliothéike vum Reseau bibnet.lu ofgelaf sinn, ginn d’perséinlech Donnéeën automatesch geläscht. Den Ausléinhistorique gëtt an anonymiséierter Form fir d’Statistiken, déi d’Bibliothéik erstelle muss, versuergt. D’perséinlech Donnéeë ginn am „kollektive Lieserindex“ vum integréierte Gestiounssystem vum Reseau vun de lëtzebuergesche Bibliothéike bibnet.lu, deen d’Memberbibliothéike vum Reseau gemeinsam benotzen, gespäichert. D’Lëscht vun de Memberbibliothéike kann um Internetsite www.bibnet.lu consultéiert ginn.
De Benotzernumm an d’Passwuert gëlle fir all d’Bibliothéike vum Reseau bibnet.lu, bei deenen de Benotzer ugemellt ass oder sech umelle kann. D’perséinlech Donnéeë kënne vun enger begrenzter Zuel vun autoriséierten an entspriechend forméierte Persoune fir déi folgend Zwecker verschafft ginn.
D’perséinlech Donnéeë gi gesammelt a verschafft fir:
- d’Umeldung bei der BnL an d’Aktualiséierung vun den Donnéeë vum Lieserkont
- Reservatioune fir d’Ausléinen an d’Benotze vun Dokumenter an der BnL, d’Reproduktioun vun Dokumenter
- Bestellunge vun Dokumenter aus Bibliothéiken am Ausland
- de Benotzer wéinst Reservatiounen, Rappeller a Geldboussen ze kontaktéieren
- d’Benotze vun den IT-Tools, déi vun der BnL zur Verfügung gestallt ginn
- den Zougang zu den Online-Ressourcen, déi dem Benotzer vun der BnL zur Verfügung gestallt ginn, an hir Benotzung
- d’Erstelle vun anonymiséierte Statistiken, fir d’Servicer vun der BnL ze verbesseren
- d’Opdecke vu Bedruch a Mëssbrauch beim Benotze vun den digitale Ressourcen, déi dem Benotzer vun der BnL zur Verfügung gestallt ginn
- d’Traitéiere vun Ufroen duerch d’BnL, déi Renseignementer iwwer perséinlech Donnéeën, hir Rektifikatioun an de Widdersproch géint hiert Verschaffe gradewéi aner Rechter am Zesummenhang mat dësen Donnéeë betreffen
- d’Abonnement vum BnL-Newsletter, dee mathëllef vum Sous-traitant Mailjet, Paräis, geréiert gëtt.
Zougrëff op digital Ressourcen
Wann den Notzer op déi digital Ressourcen aus der digitaler Bibliothéik vun der BnL zougräift, ginn seng perséinlech Donnéeë vun der BnL traitéiert. D’BnL bedreift eng Infrastruktur fir d’Authentifizéierung an den Zougrëff op déi ugebueden digital Ressourcen.
Déi traitéiert Donnéeë sinn:
- E Sëtzungscookie mat enger eendeiteger Identifizéierung (gëtt no 120 Minutten Inaktivitéit geläscht), fir den Zougrëff op digital Ressourcë kënnen ze geréieren.
- En Zougrëffsprotokoll, deen d’IP-Adress vum Notzer an déi consultéiert Ressourcen enthält, fir Notzungsstatistiken ze erstellen. D’IP-Adress gëtt no 18 Méint anonymiséiert.
- E Benotzerprotokoll, deen de Benotzernumm an déi consultéiert Ressourcen enthält (gëtt 30 Deeg laang gehalen), fir eventuelle Mëssbrauch vun de Ressourcen ze identifizéieren (wéi z.B. dat systematescht oder automatiséiert Erofluede vun Donnéeën).
Hiweiser zu engem eventuellen Traitement vu perséinlechen Donnéeën duerch d’Editeure vun den digitale Ressourcë befannen sech an de jeeweilegen Dateschutzrichtlinne vum Ubidder.
Visiteuren an extern Intervenanten
Legalitéit vun der Dateveraarbechtung
D’BnL verschafft Är Donnéeën, fir enger gesetzlecher Verpflichtung nozekommen, un déi si gebonnen ass (Artikel 6, Paragraf 1, Buschtaf c) RGPD) an, subsidiär, fir d’Ausféierung vun enger Aufgab am ëffentlechen Intressi oder am Kader vun der Ausübung vun der ëffentlecher Autoritéit, déi hir zougestanen ass (Artikel 6, Paragraf 1, Buschtaf e) RGPD), op Basis vun de follgende gesetzleche Bestëmmungen:
- Loi du 19 mars 1988 concernant la sécurité dans les administrations et services de l’Etat, dans les établissements publics et dans les écoles (articles 4, c) d) e) et 7).
- Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l’Etat.
- Règlement grand-ducal modifié du 13 juin 1979 concernant les directives en matière de sécurité dans la fonction publique (chapitre 20).
D’BnL verschafft déi follgend Kategorie vun Donnéeën:
- Är Identifikatiounsdonnéeën (Numm, Virnumm an d’Firma, fir déi Dir schafft).
- Informatiounen iwwer den Datum vun Ärem Besuch souwéi d’Auerzäit vun Ärer Arrivée an Ärem Depart.
- De Grond vum Besuch.
- Fir extern Intervenanten, eng Handysnummer, fir Iech wann néideg kontaktéieren ze kënnen.
Zwecker vun der Dateveraarbechtung
Är Donnéeë ginn zu de follgenden Zwecker verschafft:
- Fir d’Sécherheet an d’Gestioun vum physeschen Zougang zum Gebai ze garantéieren, sou datt nëmmen autoriséiert Persounen d’Raimlechkeete betrieden.
- Fir de Schutz vu Persounen a Saachen ze assuréieren.
- Fir d’Identifikatioun vun de Visiteuren an hir Begleedung an de Raimlechkeeten.
- Fir eng séier Evakuatioun vum Personal a vun de Persounen am Gebai bei engem Virfall ze garantéieren.
- Fir d’Rettungs-, Pompjees- oder Police-Déngschter rechtzäiteg ze alarméieren an hir Interventioun ze erliichteren.
Quellen an Empfänger vun den Donnéeën
D’Donnéeë ginn direkt vun deenen Informatioune geholl, déi Dir beim Accueil un d’Personal vun der BnL weidergitt, wann Dir e Rendez-vous oder eng Interventioun an der BnL hutt.
Am Kader vun hirem ëffentlechen Optrag an de gesetzleche Verpflichtungen, déi si erfëllt, kann d’BnL Är Donnéeën un déi follgend Kategorie vun Empfänger iwwermëttelen:
- D’Personal vum Accueil.
- Am Fall vun der Ausübung vun Äre Rechter: den Dateschutzbeoptraagten (DPO) an d’Direktioun.
- Am Noutfall: d’Sécherheetsekipp vum Gebai souwéi d’Rettungs-, Pompjees- oder Police-Déngschter.
- Wann néideg, un déi zoustänneg Autoritéiten.
Erfaassung vun den Donnéeë bei der betraffener Persoun: obligatoresch Natur an d’Konsequenze bei enger Verweigerung
D’Weidergi vun den Identifikatiounsdonnéeë vun de Visiteuren ass obligatoresch. Wann Dir déi gefroten Donnéeën net ugitt, dierft Dir d’Raimlechkeete vun der BnL net betrieden.
Dauer vun der Versuergung
Är Donnéeë ginn an enger Form versuergt, déi Är Identifikatioun erméiglecht, fir eng Dauer vun dräi Méint ab dem Datum vun der Erfaassung.
Dës Dauer gëllt ouni Virurteel fir eng eventuell Weiderveraarbechtung zu kompatibelen Zwecker, besonnesch fir statistesch Zwecker oder am Kader vun engem lafende geriichtleche Verfaren.
Rechter
Den Direkter vun der BnL ënnersteet deem fir Kultur zoustännege Minister an ass, zesumme mat deenen anere Bibliothéike vum Reseau bibnet.lu, fir d’Verschaffe vun den Donnéeë laut dem Allgemengen Dateschutzreglement (EU) vum 27. Abrëll 2016 (2016/679) responsabel.
De Benotzer huet d’Recht op Renseignementer iwwer seng perséinlech Donnéeën an d’Recht op Rektifikatioun vun dësen Donnéeën. All Ännerung vu senge perséinlechen Donnéeë kann direkt am Accueil vun der BnL oder online iwwer säi Lieserkont um Internetsite www.a-z.lu gemaach ginn.
De Benotzer huet d’Recht, den Newsletter iwwer e Link an all den E-Mailen ofzebestellen oder andeems hien d’BnL kontaktéiert. D’E-Mail-Adress vum Benotzer gëtt just fir den Zäitraum, wärend deem hien abonnéiert ass, an der Newsletter-Datebank gespäichert.
De Benotzer huet och d’Recht, säin Accord fir d’Späichere vu sengen Donnéeën am kollektive Lieserindex vum Reseau bibnet.lu zeréckzezéien, dem Verschaffe vu senge perséinlechen Donnéeën ze widderspriechen, d’Läschen an e limitéiert Verschaffe vu senge perséinlechen Donnéeë gradewéi hir Iwwerdrobarkeet ze fuerderen.
Am Fall vun engem Verstouss géint d’gülteg Dateschutzvirschrëften huet de Benotzer och d’Méiglechkeet, sech bei enger Kontrollinstanz ewéi der Nationaler Dateschutzkommissioun (Commission nationale pour la protection des données, CNPD) ze beschwéieren.
A bestëmmte Fäll, déi am Reglement (EU) 2016/679 virgesi sinn, kann d’BnL sech dëse Rechter widdersetzen. Nom Läsche vu senge perséinlechen Donnéeë kann de Benotzer keng Dokumenter méi ausléinen an och net méi op d’IT-Servicer vun der BnL zougräifen.
Fir weider Informatiounen iwwert seng Rechter a wéi dës ausgeüübt kënne ginn, ka sech de Benotzer per E-Mail op dpo@bnl.etat.lu oder per Courrier op dës Adress un d’BnL wenden.
Aktualiséiert den