Vum Pabeier op den Ecran: Meeschtert d’ebooks.lu-Offer
Vum Pabeier op den Ecran: Meeschtert d’ebooks.lu-Offer
Samschdeg, den 18. Abrëll 2026 um 14 Auer
An dësem Atelier entdeckt Dir, wéi Dir dat Bescht aus der ebooks.lu-Offer eraushuele kënnt, déi Iech Zougang zu Dausende vu E-Books a Lauschterbicher op Franséisch, Englesch an Däitsch gëtt. Eis Ekipp weist Iech, wéi Dir am Katalog navigéiert, inspiréierend Liesmaterial fannt a ganz einfach op all Ären Apparater Zougang dozou kritt.
Vergewëssert Iech wgl., datt Är Aschreiwung an der Nationalbibliothéik gülteg ass a kuckt, datt Dir Äre Benotzernumm an Äert Passwuert bei Hand hutt. Dir braucht eventuell och Zougang zu Ärer privater E-Mail-Adress – verséchert Iech also, datt Dir d’Adress an d’Passwuert kennt. Mir recommandéieren och, datt Dir Är Tablette oder Ären E-Reader matbréngt.
Dësen Atelier ass fir jiddwereen do, onofhängeg vun Ärem Virwëssen. An Ärem eegene Rhythmus a mat personaliséierter Ënnerstëtzung beäntwere mir Är Froen op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.
- Typ:
- Workshop
- Uert:
- Bibliothèque nationale
- Datum:
- Den 18.04.2026 vun 14:00 bis 16:00
- Sprooch(en):
- Englesch, Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch