Wat Dir ons schonn ëmmer froe wollt
Spriechstonn mat der Direktioun vun der NationalbibliothéikWat Dir ons schonn ëmmer froe wollt
Spriechstonn mat der Direktioun vun der NationalbibliothéikSamschdeg, de 7. Mäerz 2026 um 11 Auer
© Michel Brumat
Och 2026 wëlle mir nach méi mat Iech interagéieren an Iech eis Visioun esou ewéi och d’Projeten un deene mir schaffe méi no bréngen. Dofir proposéiere mir Iech eng Spriechstonn mam Claude D. Conter, dem Direkter vun der Nationalbibliothéik, a mam Carlo Clum, dem Sous-Direkter vun der Nationalbibliothéik, an där Dir net just Froe stellen, mee och Är Iddien äussere kënnt.
Dir hutt d’Méiglechkeet e perséinlecht Gespréich op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch mat der Direktioun ze féieren.
D’Participatioun ass op Umeldung.
- Typ:
- Workshop
- Uert:
- Bibliothèque nationale
- Datum:
- Den 07.03.2026 vun 11:00 bis 12:30
- Sprooch(en):
- Englesch, Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch