A-z.lu entdecken a verdéiwen
A-z.lu entdecken a verdéiwen
Samschdeg, de 7. Februar 2026 um 14 Auer
An dësem Workshop gitt Dir gewuer, wéi Dir mat just e puer Mausklicken eng effektiv Sich ausféiere kënnt. Huelt zesumme mat eisem engagéierten Team u prakteschen Übungen deel, fir Är Sichfäegkeeten ze verfeineren, egal ob et sech dobäi ëm gedréckten oder Online-Dokumenter handelt.
Fir datt Dir beschtméiglech deelhuele kënnt, vergewëssert Iech wgl., datt Är Aschreiwung an der Nationalbibliothéik gülteg ass a kuckt, datt Dir Äre Benotzernumm an Äert Passwuert bei Hand hutt.
Mir sinn do, fir Iech ze hëllefen an all Är Froen ze beäntweren. Eis Mataarbechter ënnerstëtzen Iech op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch. Dëse Workshop eegent sech fir all Experienzniveauen.
- Typ:
- Workshop
- Uert:
- Bibliothèque nationale
- Datum:
- Den 07.02.2026 vun 14:00 bis 16:00
- Sprooch(en):
- Franséisch, Englesch, Däitsch, Lëtzebuergesch