De Lëtzebuerger Webarchiv an der BnL

Typ:
Workshop
Uert:
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Datum:
Den 31.05.2025 vun 14:00 bis 16:00
Unzuel u Participanten:
24
Sprooch(en):
Englesch, Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch
© Michel Brumat

All Dag ginn ëmmer méi Online-Inhalter verluer. Dowéinst archivéiert d’Nationalbibliothéik Websäite vum lëtzebuergesche Web, fir se fir déi nächst Generatiounen ze erhalen. Reegelméisseg Momentopnamen erméiglechen eng digital Rees an d’Vergaangenheet a ginn Zougang zu fréiere Versioune vun archivéierte Säiten.

Déi nei Recherchesoftware SolrWayback mécht et méiglech, d’Webarchiv op eng nei Aart a Weis z’erfuerschen. Dësen Atelier bitt eng Aféierung an d’Prinzippie vun der Webarchivéierung a stellt d’Rechercheoutilen vir.

Den Atelier riicht sech u Persoune vun all Niveau a gëtt vum Ben Els, Digital Curator vun de lëtzebuergesche Webarchiv an der BnL, geleet.