Méisproochegen Theateratelier »d’Méiw«

Bonobo Collective
Typ:
Workshop
Uert:
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Datum:
Den 26.09.2025
Mat:
Bonobo Collective
Sprooch(en):
Lëtzebuergesch
© Rick Tonizzo

Fir den Nationalen Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch a vun der Méisproochegkeet 2025 proposéiert de Bonobo Collective am Kader vu sengem neien Theaterstéck D’Méiw en Theateratelier ronderëm den Anton Tchekhov.

Unhand vu kuerzen Zeenen aus dem Theaterstéck D’Méiw gëtt sech mat ënnerschiddlechen Iwwersetzunge vun dësem Klassiker auserneegesat. Den Atelier riicht sech u Jonker a manner Jonker, mat méi oder manner Lëtzebuergeschkenntnisser. Et geet net ëm Perfektioun am Schauspill, mee ëm de spillereschen Ëmgang mam Lëtzebuergeschen.

Den Atelier dauert zwou Stonnen a fënnt a Gruppe vu jeeweils 8 Persoune statt. Et muss ee keen Theaterexpert sinn – et geet ëm Spaass an Zesummesinn, d’Spillen an d’Experimentéiere mat den ënnerschiddleche Sproochen an Zeenen.

De Bonobo Collective ass en Zesummeschloss vu Kënschtler, deen 2016 vum Thierry Mousset gegrënnt gouf. De Kollektiv déngt als Plattform fir onofhängeg Kreatioune vun Theaterproduktiounen, Performance-Stécker an artisteschen Evenementer zu Lëtzebuerg, a Frankräich, Däitschland an an der Tschechescher Republik.

 

Dräi Seancen

  • 09:00–11:00
  • 11:00–13:00
  • 14:30–16:30