Kleriker, Kenner a Sammler D’Lëtzebuerger Bibliothéiken tëscht dem 16. an 19. Joerhonnert

Typ:
Ausstellung
Uert:
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Datum:
Vum 09.12.2024
bis den 08.03.2025
Präis:
Gratis: 0€
Sprooch(en):
Franséisch

Dës Ausstellung ass eng gelleg Zäitrees an erlaabt en Abléck an d’Lëtzebuerger Bibliothéikslandschaft tëschent dem 16. an 19. Joerhonnert. Si erfuerscht d’Buchgeschicht aus engem neie Bléckwénkel unhand vu besonnesche Wierker aus de Spezialsammlunge vun der Nationalbibliothéik (BnL).

D’Ausstellung beliicht d’Diversitéit vun historesche Bibliothéiken: sief et vu Klouschter- a geeschtleche Sammlungen oder Privatbibliothéike vun Notoritéite wéi dem Pierre Roberti (*ca. 1566–†1636) oder dem Péiter Ernest I. vu Mansfeld (*1517–†1604). Si zeechent och den Afloss vu bekannte Perséinlechkeeten, wéi dem Jean-Baptiste Halle (*1748–†1824) oder dem Dominik Konstantin München (*1763–†1818) no, deenen hirt Wierken d’Buchgeschicht vum Land gepräägt huet.

Besonnesch Opmierksamkeet gëtt de gedréckte Bicher geschenkt, déi dacks an den Hannergrond geroden, wëll Manuskripter als méi impressionnant empfonnt ginn. Virun allem ginn hei déi verschidden Aspekter ronderëm de materiellen Objet beliicht: d’Auteuren, d’Themen, déi behandelt ginn, d’Leit, deenen d’Bicher dedicasséiert goufen, déi sozial Gruppen, déi d’Bicher gelies hunn, d’Gebrauchsspueren oder d’Provenienz. Dës Informatioune ënnersträichen de Wäert an d’Bedeitung vun dëse wäertvolle Bicher.

D’Ausstellung ass op Franséisch.

Féierungen

Entdeckt d’Ausstellung am Detail wärend enger Féierung mam Curateur.

Begleetheft zur Ausstellung

D’Risebibel vu Saint-Maximin

Begleedend zur Ausstellung presentéiert d’BnL och d’Risebibel vu Saint-Maximin, en aussergewéinlech Dokument dat viru Kuerzem op Lëtzebuerg zréck komm ass. E Spendenopruff leeft den Ament fir d’Erhalung vun dësem bal dausend Joer ale mëttelalterleche Manuskript ze garantéieren.

Méi gewuer ginn