Vu Gäert a Bicher

Typ:
Vernissage
Uert:
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Datum:
Den 08.07.2023 um 11:00
Mat:
Sam Tanson, Claude D. Conter
Sprooch(en):
Franséisch, Däitsch

Gäert sinn Plaze vun der Erhuelung a vun der Aarbecht, der Gestaltung an Disziplin, vum Wëssen an der Fantasie; si bereede gläichermoosse Freed a Pleséier, bidde Schutz an Notzen. Gäert sinn ofgegrenzte Raim vu Wuesstem a Verfall, an hire Formen an Zwecker esou villsäiteg wéi hir Notzer.

Déi am Titel Vu Gäert a Bicher ugedeiten Zweedeitegkeet Vu Gäert a vu Bicher oder Vu Gäert an de Bicher léisst d’thematesch Envergure vun dëser Ausstellung erkennen: Ausgewielten Dokumenter, vu Bicher an Zäitschrëften iwwer Gravuren, Pläng an Postkaarten, bis hin zu Lidder, illustréieren d’Diversitéit vun historeschen a fiktive Gäert; si entféieren an d’Welt vun der Gaardekonscht, vum Park bis bei de Schoulgaart, vum Klouschtergaart bis bei den Geméisgaart. Vun der Reklamm bis zur wäertvoller botanescher Illustratioun soll de Gaart nei erlieft ginn. Bis ewell net oder wéineg gewisen Dokumenter ginn nei Abléck an d’Natur an d’Virstellungen, déi mir mat Gäert verbannen; si invitéieren op e Spadséiergang duerch d’Sozial-, Wëssenschafts- a Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg an.

Méi iwwer d'Ausstellung gewuer ginn