Wat Dir ons schonn ëmmer froe wollt Online-Spriechstonn mam Direkter vun der Nationalbibliothéik

Typ:
Online
Uert:
Facebook-Säit vun der BnL
Datum:
Den 24.01.2023 um 17:30
Mat:
Claude D. Conter
Sprooch(en):
Englesch, Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch

D’BnL empfänkt méi wéi 600 Lieser pro Dag an ass domat e wichtege Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. Dir kommt bei eis fir ze léieren, ze recherchéieren oder einfach just e rouege Moment ze genéissen.

2023 wëlle mir nach méi mat Iech interagéieren an Iech eis Visioun esou ewéi och d‘Projeten un deene mir schaffe méi no bréngen. Dofir proposéiere mir eng Online-Spriechstonn mam Claude D. Conter, dem Direkter vun der Nationalbibliothéik, wou Dir net just Froe stellen, mee och Är Iddie fir d’BnL äussere kënnt.

Wéi eng Zeitungen digitaliséiere mir deemnächst? Firwat huet de Portal a-z.lu am November 2022 geännert? Firwat kann ee verschidden Dokumenter net mat heem huelen? D‘BnL steet Iech Ried an Äntwert de 24. Januar 2023 ab 17.30 Auer via Livestream op eiser Facebook-Säit.

Dir kënnt och gären Är Froen am Viraus iwwer Facebook Messenger oder iwwert eis Websäit duerchginn.