Artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet An Zesummenaarbecht mat der Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l’UNESCO, dem Ministère de la Culture an Digital Luxembourg..

Opgepasst: Umeldunge sinn obligatoresch fir dësen Evenement.

 

Wéi funktionéiert Konscht als Medium? Véier Kënschtler diskutéieren zum Thema Artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet. Si stellen d’Fro, wéi Messagen duerch Konscht iwwermëttelt ginn a wéi de Public se ophëlt. Virfäll, wéi déi géint d’Karikaturiste vu Charlie Hebdo oder Attentater op aktivistesch Kënschtler hunn eng Diskussioun iwwert artistesch Fräiheet an d’Roll vu Konscht a Kultur an der Gesellschaft lassgeléist.

Wéi wichteg ass Konscht fir Versteesdemech an Toleranz, Bewosstsinn a Wäitsiicht vum Individuum a vun der Gesellschaft ze fërderen?

Mat dobäi sinn:

  • Didier Scheuren, Kënschtler
  • Pascal Schumacher, Museker
  • Anne Simon, Theater
  • Filip Markiewicz, Performancekënschtler, Installatiounen a Film
  • Moderatioun: Dr. Nora Schleich

Op Lëtzebuergesch.

Lieu :
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Kirchberg
Dates :
Le 02.12.2021 à 19:00