Artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet An Zesummenaarbecht mat der Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l’UNESCO, dem Ministère de la Culture an Digital Luxembourg..
Opgepasst: Umeldunge sinn obligatoresch fir dësen Evenement.
Wéi funktionéiert Konscht als Medium? Véier Kënschtler diskutéieren zum Thema Artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet. Si stellen d’Fro, wéi Messagen duerch Konscht iwwermëttelt ginn a wéi de Public se ophëlt. Virfäll, wéi déi géint d’Karikaturiste vu Charlie Hebdo oder Attentater op aktivistesch Kënschtler hunn eng Diskussioun iwwert artistesch Fräiheet an d’Roll vu Konscht a Kultur an der Gesellschaft lassgeléist.
Wéi wichteg ass Konscht fir Versteesdemech an Toleranz, Bewosstsinn a Wäitsiicht vum Individuum a vun der Gesellschaft ze fërderen?
Mat dobäi sinn:
- Didier Scheuren, Kënschtler
- Pascal Schumacher, Museker
- Anne Simon, Theater
- Filip Markiewicz, Performancekënschtler, Installatiounen a Film
- Moderatioun: Dr. Nora Schleich
Op Lëtzebuergesch.
- Lieu :
- Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Kirchberg
- Dates :
- Le 02.12.2021 à 19:00