D’BnL féiert d’Digitaliséierung vum Tageblatt weider a stellt d’Joergäng vun 1951 bis 2014 online

Lëtzebuergesche Fong

D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg deelt mat, datt d’Ausgabe vum Tageblatt aus der Period vun 1951 bis 2014 elo um Portal eluxemburgensia.lu online zougänglech sinn.

D’Tageblatt, dat 1913 zu Esch-Uelzecht gegrënnt gouf, spillt eng wichteg Roll an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Press. Als Zeitung mat staarke Wuerzelen an der Aarbechter- a Gewerkschafts­beweegung huet si méi wéi ee Joerhonnert déi politesch, sozial, kulturell a sportlech Entwécklunge vum Land begleet. Am Laf vun der Zäit huet sech d’Zeitung och duerch hiren Asaz fir dat kulturellt a literarescht Liewen zu Lëtzebuerg ervirgedoen. Perséinlechkeete wéi de Jacques Poos, den Alvin Sold oder de Karikaturist Albert Simon hunn d’redaktionell Geschicht vum Tageblatt markéiert.

Datt nei Joergäng online geschalt ginn, ass eng substantiell Erweiderung vun den digitaliséierte Presse­sammlungen, déi gratis fir de Public accessibel sinn. Am Ganze kompletéieren elo 19 248 Ausgaben mat 699 786 Säiten an 9 045 139 Artikelen déi schonns disponibel Inhalter um Portal.

Zougrëff mat eluxemburgensia.lu

Aktualiséiert den