De Lëtzebuerger Journal vun der BnL digitaliséiert an online verëffentlecht
Nei Inhalter op eluxemburgensia.lu
Am Kader vun hirem ambitiéisen Digitaliséierungsprogramm vum gedréckte Patrimoine stellt d’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg (BnL) déi historesch Ausgabe vum Lëtzebuerger Journal op hirem Portal eluxemburgensia.lu zur Verfügung. D’Ausgaben, déi tëscht Abrëll 1948 an Dezember 2020 publizéiert goufen, sinn ab elo gratis online zougänglech.
Déi Dageszeitung ass fir d’éischt de 5. Abrëll 1948 erauskomm, no der Fusioun vun der Obermosel-Zeitung, déi 1881 zu Gréiwemaacher gegrënnt gouf, an d’Unio’n, déi tëscht 1944 an 1948 vun der Resistenzbeweegung mam selwechten Numm erausgi gouf.
Iwwer méi wéi siwe Joerzéngten huet de Lëtzebuerger Journal d’Entwécklung vun der Gesellschaft begleet a stellt haut eng wichteg Quell fir d’Erfuerschung vun der politescher, wirtschaftlecher a sozialer Geschicht vum Land duer. Zanter dem 1. Januar 2021 erschéngt d’Zeitung online a bitt online Artikelen a Podcasten un.
Duerch d’Online-Verëffentlechung vun dësen Ausgabe kënnen elo Volltextrecherchen duerchgefouert a verschidde Joerzéngte vun der Publikatioun och aus der Distanz consultéiert ginn.
Aktualiséiert den