Pressecommuniqué
Den 18. Februar huet Clarivate/ProQuest, den Distributeur vun der Plattform Ebook Central, hir nei „transformativ Abonnemente-baséiert Zougangsstrategie“ ugekënnegt, déi ophält mam Verkaf vu vereenzelten E-Books mat engem onbegrenzten Zougang vum 30. Juni 2026 un. Dës Offer limitéiert sech dann op E-Books-Bouqueten, déi nëmme mat engem Abonnement disponibel sinn, wat et fir Bibliothéiken onméiglech mécht, permanent Sammlungen opzebauen.
Et ass eng fundamental Missioun vun all de Bibliothéiken, an en zentrale Wäert vun de Memberbibliothéiken vum Konsortium Lëtzebuerg, e laangfristegen Zougang zu Ressourcen unzebidden. Vu datt Budgete knapp sinn, musse Bibliothéiken d’Méiglechkeet hunn, hir Sammlungen dauerhaft no de Besoine vun hiren Notzer ze gestalten, ouni sech no genereschen a virdefinéierte Bouquete riichten ze mussen.
An de leschten 10 Joer huet de Konsortium Lëtzebuerg E-Books vun Ebook Central mat verschiddenen Linzenzmodeller kaf. Eis Memberbibliothéiken hunn ëmmer d’Flexibilitéit an d’Liichtegkeet appreciéiert, eenzel E-Books iwwer eng zentral Plattform ze kafen. Dës verschidden Aquisitiounsmodeller hunn et dem Konsortium Lëtzebuerg méiglech gemaach, déi gréissten E-Books-Sammlung zu Lëtzebuerg mat iwwer 300.000 Titelen op enger eenzeger Plattform unzebidden.
De Konsortium Lëtzebuerg huet elo entscheet, seng Akeef vun E-Books op Ebook Central drastesch ze reduzéieren. Wärend all Akeef, déi bis ewell gemaach goufen, nach op der Plattform accessibel bleiwen, wäert den aktuelle Katalog op Ebook Central an de kommende Méint méi kleng ginn.
De Konsortium wäert sech dorop konzentréieren, E-Books direkt iwwer d’Editeuren oder aneren Distributeuren ze bezéien, fir de Notzer weiderhin esou eng villfälteg a wäertvoll Sammlung wéi méiglech unzebidden – an dat iwwer verschidden Aquisitiounsmodeller, déi d’Diversitéit an der Bibliothéikslandschaft an d’Besoine vun de Notzer respektéieren.
Aktualiséiert den