Ergänzt Är Privatbibliothéik mat onse Surplus-Bicher An ënnerstëtzt e gudden Zweck!

Den 9. Dezember 2023 offréiert d’Nationalbibliothéik hire Visiteure Bicher, déi d’BnL ze vill huet, géint e klenge Geste, fir d’Dokumenter aus onse Spezialsammlungen ze restauréieren.

Enn 2016 huet d’BnL ugefaangen, hir Sammlung vu Plakater no an no ze digitaliséieren an online ze verëffentlechen. Leider si vill Plakater an engem schlechten Zoustand, well se futti oder ofgenotzt sinn, a musse fir d’éischt restauréiert ginn, fir se kënnen ze digitaliséieren an der Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen. Dir kënnt d’Ëmsetzung vun dësem Projet ënnerstëtzen, andeems Dir en Don am Austausch fir d’Bicher maacht.

Kommt Samschdes, den 9. Dezember vun 10.00 bis 17.00 Auer an de Foyer vun der Nationalbibliothéik. Bliedert duerch honnerte lëtzebuergesch a net-lëtzebuergesch Publikatioune vun alle Genren an ergänzt Är Privatbibliothéik!

Aktualiséiert