15 Schüler an Studenten schléissen d’BnL Summer School 2023 of De Summer-Trainingsprogramm vun der BnL

Vum 31. Juli bis de 5. August 2023 wor “BnL Summer School”, déi an d’Liewe geruff gouf, fir de Participante mat Hëllef vu Workshops a prakteschen Übungen, déi verschidden Aufgabe vun zukünftege Bibliothekären, Archivaren oder Dokumentaliste bäizebréngen. Dëse Formatiounsprogramm ass en integralen Deel vun der pedagogescher Offer vun der Nationalbibliothéik. 15 Schüler a Studenten hunn d’BnL Summer School 2023 ofgeschloss a goufe mat engem Participatiounscertificat belount, dee si fir zukünfteg berufflech Schrëtt benotze kennen.

De Studieprogramm war ganz ofwiesslungsräich: Ënnert anerem hunn d’Coursen, déi ugebuede goufen, d’Acquisitioun an d’Katalogiséierung vun Dokumenter, de Fonctionnement vum Liessall an d’Logistik an der BnL thematiséiert, an doriwwer eraus och iwwert d’Acquisitioun vun digitale Publikatiounen an d’Konservéierung an d’Digitaliséierung vum Lëtzebuerger Kulturpatrimoine informéiert.

15 Schüler an Studenten schléissen d’BnL Summer School 2023 of.

Eng Woch laang hunn d’Participanten net nëmmen erlieft, wéi d’BnL funktionéiert, si hunn och d’Komplexitéit an d’Villfältegkeet vun de Beruffer am Beräich vum Bibliothéikswiesen, dem Archivage an der Dokumentatioun kenne geléiert an déi verschiddenst Missioune vun der BnL an d’Erausfuerderungen, mat deene Bibliothéiken all Dag am digitalen Zäitalter konfrontéiert ginn, entdeckt.

Workshops a prakteschen Übungen hunn déi verschidden Aufgabe vun zukünftege Bibliothekären, Archivaren oder Dokumentaliste vermëttelt.

Zousätzlech huet d’BnL Summer School hinnen déi eemoleg Geleeënheet ugebueden, sech mat aktuellen oder zukünftege Kolleegen souwéi mat BnL-Experten ze treffen a sech auszetauschen. Fir Ënnerhalung gouf och mat gemeinsamen Aktivitéiten gesuergt.

D’BnL seet och dem Veräin Jonk BAD Merci fir seng Hëllef an fir d’Organisatioun vun engem Informatiounsstand.

Aktualiséiert