De Lëtzebuerger Journal deet sech mat der Nationalbibliothéik zesummen Gratis Online-Zougrëff zu der Lëtzebuerger Press

D’Benotzer vun der Nationalbibliothéik kënnen ab elo gratis op de ganze Site journal.lu zougräifen. Dës nei Ressource ergänzt déi digital Offer, déi zënter Oktober 2020 zur Verfügung steet, an déi gratis Zougang op verschidde Lëtzebuerger Medien ubitt.

Fir d’Auteursrechter ze respektéieren ass dës Offer awer nëmmen bannent dem Gebai vun der Bibliothéik iwwert d’WLAN-Netzwierk oder iwwert déi bereet gestallte Computeren zougänglech.

Parallel schafft d’Nationalbibliothéik un engem Projet, fir déi historesch Editioune vum Lëtzebuerger Journal, déi tëscht 1948 an 2020 erauskomm sinn, ze digitaliséieren an online verfügbar ze maachen. Soubal d’Digitaliséierung an d’Dobäisetze vu Metadaten ofgeschloss sinn, kënnen d’Benotzer dës Editioune gratis um Portal eluxemburgensia.lu kucken, deen ënnert anerem 68 digitaliséiert Zäitschrëften zesummebréngt, dorënner d’Dageszeitung Luxemburger Wort oder d’Wochenzeitung d’Lëtzebuerger Land.

Béid Initiative sinn d’Resultat vun enger enker Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Medien Editpress, Lumedia, Mediahuis, Reporter Media, Éditions d’Lëtzebuerger Land an Editions Letzeburger Journal. D’Zil vun dëser Partnerschaft ass et, en demokrateschen Accès esou wuel op d’digital Press, wéi Wort Plus, Tageblatt, Le Quotidien Premium, Reporter.lu a Journal.lu, ze bidden, wéi och zum gedréckte Pendant, deen een am Liessall consultéiere kann oder zu den digitaliséierten Ausgaben, op déi een iwwer eluxemburgensia.lu zougräife kann.

Aner Zeitungen an Noriichtesäiten wäerten dës Offer an der Zukunft ergänzen.

▪ D’Informatiounen an dësem Artikel sinn zum Zäitpunkt vu senger Publikatioun korrekt. Beuecht wannechgelift, datt sech eis digital Offer stänneg weiderentwéckelt. Dowéinst kënne verschidden Informatiounen, wéi z. B. d’Modalitéite fir den Zougrëff oder den Inhalt vun Datebanken, säitdeem geännert hunn oder net méi aktuell sinn.

Aktualiséiert