Déi éischt Musekskonferenz an der BnL war e grousse Succès Journée d’études du Cedom

Musekssammlung vum Cedom

De Cedom (Centre d’études et de documentation musicales) huet den 20. Mäerz 2023 déi éischt Editioun vun der Journée d'études du Cedom an der Nationalbibliothéik organiséiert. Dës Musekskonferenz mat internationalen Experten aus dem däitschsproochege Raum wäert an Zukunft all zwee Joer stattfannen.

De But vun der Konferenz war et, bibliothéikswëssenschaftlech an archivistesch Froe mat Experten ze diskutéieren. Hei handelt et sech ëm eng Initiativ vun der Nationalbibliothéik, déi am Kader vun der Visioun 2020-2030 stattfënnt an den Ausbau vum Cedom zu engem nationale Komponistenarchiv betrëfft. Tatsächlech ginn an der Nationalbibliothéik d’Archivbestänn vu Komponisten a Kollektivitéite gesammelt, geréiert a kulturell a wëssenschaftlech opgeschafft.

International Experten aus dem däitschsproochege Raum hunn un enger Musekskonferenz an der Nationalbibliothéik deelgeholl.

D’Konferenz huet mat enger Ried vum Direkter Claude D. Conter an der Responsabel vum Cedom Françoise Molitor ugefaangen. Dës huet d’Aufgabe vum Museksdepartement virgestallt an ass besonnesch op d’Virstellungen iwwert den Ausbau an d’Erschléissung vu Komponistenarchiven agaangen.

Uschléissend hu véier verschidden Experten déi aktuell Virgoensweis fir d’Erschléissung vu Komponistenarchiven an de jeeweilegen Instituten an Däitschland, der Schwäiz an Éisträich virgestallt.

Am Mëttelpunkt vun der Konferenz stounge Froen iwwer d’Erschléissung vu Komponistefongen, iwwer international Normen a Standarden am Beräich vum Cataloguage an Inventaire, iwwer d’Dateformat an iwwer Bibliothéiks- an Archivsystemer.

Zu de Participanten hu gezielt

  • Mag. Christa Traunsteiner, Responsabel adjointe vun der Musekssammlung vun der éisträichescher Nationalbibliothéik;
  • Angelika Salge, lic. phil., Responsabel vum Museksdepartement vun der Zentralbibliothéik Zürich;
  • Ruprecht Langer, Responsabel vum däitsche Museksarchiv vun der däitscher Nationalbibliothéik;
  • Dr. Reiner Nägele, Responsabel vum Museksdepartement vun der Bayrescher Staatsbibliothéik
  • Claude D. Conter, Direkter vun der Nationalbibliothéik Lëtzebuerg,
  • Françoise Molitor, Responsabel vun der Musekssammlung vum Cedom a siwe weider Mataarbechter aus verschiddenen Departementer vun der Nationalbibliothéik Lëtzebuerg.

Fir d’Konferenz ofzeschléissen huet d’Marlène Duhr, Mataarbechterin am Cedom, d’Gäscht duerch déi aktuell, vun hir kuréiert Ausstellung: Johny Fritz - Luxemburger Komponist, Musiker und Sammler gefouert, déi een nach bis den 22.04.2023 kucke goe kann.

Insgesamt war dës éischt Journée d’études vum Centre d’études et de documentation musicales vun der Nationalbibliothéik e groussen Erfolleg. D’Konferenz war eng exzellent Geleeënheet fir d’Mataarbechter vum Cedom, vum Informatik- a vum Metadonnéëdepartement sech mat Experten aus dem däitschsproochege Raum auszetauschen, Iddien ze sammelen an nei, innovativ Aarbechtsvirgäng ze ermëttelen.

Aktualiséiert