Éischt Inventairë vum Cedom senge Museksarchiven op a-z.lu zougänglech

Musekssammlung vum Cedom

De Centre d’études et de documentation musicales (Cedom), dee fir d’Sammelen, d’Konservatioun an d’Bereetstellung vum Lëtzebuerger Musekspatrimoine an handschrëftlecher a gedréckter Form zoustänneg ass, informéiert, datt déi éischt dräi Inventairë vu senge Museksarchiven elo online zougänglech sinn. Dës Inventaire gehéiere zu de Fonge vum Pierre Nimax sen., Jean-Pierre Kemmer a Lou Koster, déi en integralen Deel vun de sëllegen Archivsammlungen ausmaachen, déi mam musikalesche Liewen an der Musiksgeschicht vum Land verbonne sinn.

D’Inventairë sinn a Form vu Lëschte  disponibel, déi ënnert anerem den Titel vum Wierk, d’Auteuren / Komponisten / Arrangeuren, den Datum vun der Kreatioun an d’Format ëmfaassen. Fir dës Lëschten ze consultéieren, sicht einfach op a-z.lu nom Stéchwuert „Fonds“ mam Familljennumm vum jeeweilege Komponist hannendrun. Déi verschidden Inventairë kënne mam Stéchwuert „Fonds musicaux“ fonnt ginn an andeems Dir de Filter „Fonds d’archives“ an der Rubrik „Type de document“ aktivéiert.

Dës éischt Inventairë wäerten duerch weiderer ergänzt ginn. D’Online-Bereetstellung vun den Inventairë vu Museksarchiven ënnersträicht dem Cedom säi kontinuéierlechen Engagement fir de räiche musikalesche Patrimoine vu Lëtzebuerg ze erhalen an ze promouvéieren.

Zougrëff via a-z.lu

Aktualiséiert