Noriichten
Et gëtt eng wichteg Ännerung fir d’Notzer vun der Däitsch-sproocheger ebooks.lu-Offer: Déi nei Onleihe 3 App ka vum 14. Januar 2026 u gedownloat ginn.
Ab dem 15. Januar 2026 ass eis E-Book-Offer dann nëmmen nach an der neier App consultabel. Aktuell Prêten, Reservatiounen a Favoritte ginn automatesch iwwerholl.
Notzer, déi d’Offert iwwer de Webbrowser um Computer benotzen, mussen näischt änneren.
Onleihe 3 bitt vill nei Funktiounen, dorënner d’Synchroniséierung vum Lies-Progrès tëscht der Onleihe-App an der Web-Onleihe, eng onbegrenzt Favorittelëscht, den Historique vun Äre Prêten an en Dark Mode, deen Är Ae schount.
Aktualiséiert den