Prêt, Online-Recherche, Reservéierungen a weider Servicer temporär net disponibel Vum 12. bis den 13. Juli 2025

Wéinst enger ëmfangräicher Software-Aktualiséierung kënnt et zu enger temporärer Ënnerbriechung vun eise Servicer. Vum Samschdeg, den 12. Juli 2025 um 7:00 Auer bis e Sonndeg, den 13. Juli 2025 um 7:00 Auer wäerte follgend Servicer net zur Verfügung stoen:

  • Um Portal a-z.lu recherchéieren, Dokumenter reservéieren oder sech umellen.
  • D’automatesch Prêt-/Retourmaschinnen benotzen, sief dat am Liessall, am Agangsberäich oder um Parvis vun der Bibliothéik. Dokumenter kënne weiderhin un de Guicheten ausgeléint oder zréck gi ginn.
  • Multimedia-Accessoiren an der Mediathéik ausléinen.
  • De Service Renseignement.
  • D’Aschreiwung vu neie Lieser, d’Erstellen an d’Änneren vu Benotzerkonten.

Aktuell Prête mat engem Retourdatum vum 12. Juli 2025 ginn automatesch bis de 14. Juli 2025 verlängert.

Mir bieden ëm Äert Versteesdemech a entschëllegen eis fir d’Onannehmlechkeeten.

Aktualiséiert den