Kuckt eis Dokumenter zum Thema Aarbechterbeweegung! Nei Selektioun am Espace découverte

Sidd Dir op der Sich no Inspiratioun? All Mount widmen sech eis Chargés de collections engem bestëmmten Thema unhand vun enger Auswiel un Dokumenter aus de Fonge vun der National­­bibliothéik. Entdeckt dëse Mount eis Selektioun zum Thema Aarbechter­­beweegung!

D’Konzept vu Gewerkschaften oder Aarbechter­gemeinschaften ass wärend der industrieller Revolutioun entstanen. Gouf et am 18. Joerhonnert a villen Länner nach Gesetzer géint Gewerkschaften, esou hunn dës an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert virun allem an Europa en Opschwong erlieft, un deem sech aner Kontinenter ugeschloss hunn. Den 1. Mee gëtt haut als Internationalen Dag vun der Aarbecht gefeiert, fir un d’Onroue vum Hay Market vun 1866 ze erënneren, bei deenen d’Police d’Streiken vun Aarbechter­organisatiounen, déi ënnert anerem fir en Aachtstonnendag gekämpft hunn, mat Gewalt niddergeschloen huet.

Am Espace découverte gi verschidden Aspektervun der Aaarbechter­beweegung behandelt, dorënner Publikatioune vu Soziologen, Ekonomisten, Historiker an Aktivisten. Dir fannt z. B. Wierker, déi sech op e bestëmmten Zäitraum an e bestëmmt Land konzentréieren, oder anerer, déi sech mat Fraen oder Randgruppen, wéi z. B. Aarbechter ouni Pabeier, befaassen.

Dir fannt dës Selektioun am Espace découverte um Rez-de-chaussée vum Liessall. Wann Iech ee vun dësen Dokumenter interesséiert, kënnt Dir et einfach aus dem Regal huelen. Si kënnen alleguer op der Plaz consultéiert an/oder ausgeléint ginn. Vill Freed beim Liesen!

Aktualiséiert den