Kuckt eis Dokumenter iwwer den Éischte Weltkrich Nei Selektioun am Espace découverte

Sidd Dir op der Sich no Inspiratioun? All Mount widmen sech eis Chargés de collections engem bestëmmten Thema unhand vun enger Auswiel un Dokumenter aus de Fonge vun der National­­bibliothéik. Entdeckt dëse Mount eis Selektioun zum Thema Éischte Weltkrich!

D’Ermordung vum Äerzherzog vun Éisträich-Ungarn, dem Franz Ferdinand (geb. 1863), a vu senger Fra, der Äerzherzogin Sophie (geb. 1868), den 28. Juni 1914 zu Sarajevo kënnegt den Ufank vun enger Spiral un, déi den Ale Kontinent wärend véier Joer an e bluddege Konflikt gestierzt huet.

Dir fannt dës Selektioun am Espace découverte um Rez-de-chaussée vum Liessall. Wann Iech ee vun dësen Dokumenter interesséiert, kënnt Dir et einfach aus dem Regal huelen. Si kënnen alleguer op der Plaz consultéiert an/oder ausgeléint ginn. Vill Freed beim Liesen!

Aktualiséiert den