Kuckt eis Dokumenter iwwer d’Olympesch Spiller Nei Selektioun am Espace découverte

Sidd Dir op der Sich no Inspiratioun? All Mount widmen sech eis Chargés de collections engem bestëmmten Thema unhand vun enger Auswiel un Dokumenter aus de Fonge vun der National­­bibliothéik. Entdeckt dëse Mount eis Selektioun zum Thema Olympesch Spiller!

Eis Auswiel ëmfaasst net nëmmen Titelen iwwer d’Geschicht vun den Olympesche Spiller an der Olympescher Iddi vun der Antikitéit bis d’Neizäit, mee och Wierker déi sech mat de politeschen, wirtschaftlechen, sozialen a kulturellen Aspekter a mat Fräiheets- an Ëmweltfroe befaassen. Completéiert gëtt si mat Bicher iwwer d’Participatioun vu Lëtzebuerg an iwwer d’Stad Paräis, déi vum 26. Juli bis den 11. August 2024 fir d’drëtte Kéier d’Olympesch Spiller empfänkt.

Dir fannt dës Selektioun am Espace découverte um Rez-de-chaussée vum Liessall. Wann Iech ee vun dësen Dokumenter interesséiert, kënnt Dir et einfach aus dem Regal huelen. Si kënnen alleguer op der Plaz consultéiert an/oder ausgeléint ginn. Vill Freed beim Liesen!

Aktualiséiert den