Kuckt eis Dokumenter zum Thema Droit a Literatur Nei Selektioun am Espace découverte

Sidd Dir op der Sich no Inspiratioun? All Mount widmen sech eis Chargés de collections engem bestëmmten Thema unhand vun enger Auswiel un Dokumenter aus de Fonge vun der National­­bibliothéik. Entdeckt dëse Mount eis Selektioun zum Thema Droit a Literatur!

Op den éischten Bléck schéngt alles am Widersproch tëscht Droit a Literatur ze stoen. Allen zwee deelen se awer de Gebrauch vun der Sprooch fir d’sozial Realitéit duerzestellen an sinn enk mat der Interaktioun tëscht Gesellschaft an Kultur verbonnen. Déi komplex Relatiounen vu béide Beräicher, déi tëscht géigesäiteger Ergänzung an Oppositioun schwanken, ginn am Kontext vun enger akademescher Disziplin, genannt „Law and Literature“, beschriwwen an erfuerscht, déi vun amerikanesche Juristen an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert an d'Liewe geruff gouf.

Hanner dëser Bewegung verstoppt sech e multidisziplinär Fuerschungsfeld, dat sech op dräi Schwéierpunkten konzentréiert: „Droit an der Literatur“ („Law in Literature“), „Droit als Literatur“ („Law as Literature“) an „Droit vun der Literatur“ („Law of Literature“). Eis Auswiel entsprécht och dëser Tendenz zur Interdisziplinaritéit a weist engersäits, wéi literaresch Wierker Juristen e bessert Verständnis vun der mënschlecher Natur an der sozialer Realitéit vermëttelen kënnen, an anerersäits, wéi juristesch Texter selwer als literaresch Wierker interpretiert an analyséiert kënne ginn.

Dir fannt dës Selektioun am Espace découverte um Rez-de-chaussée vum Liessall. Wann Iech ee vun dësen Dokumenter interesséiert, kënnt Dir et einfach aus dem Regal huelen. Si kënnen alleguer op der Plaz consultéiert an/oder ausgeléint ginn. Vill Freed beim Liesen!

Aktualiséiert den