Kuckt eis Dokumenter zum Thema Wopen! Nei Selektioun am Espace découverte

Sidd Dir op der Sich no Inspiratioun? All Mount widmen sech eis Chargés de collections engem bestëmmten Thema unhand vun enger Auswiel un Dokumenter aus de Fonge vun der Nationalbibliothéik. Entdeckt dëse Mount eis Selektioun zum Thema Wopen!

Säit dem Mëttelalter hu Wope vill Objeten a Monumenter dekoréiert an hinnen eng onverwiesselbar Identitéit ginn. Andeems een si studéiert, kann een dës Objeten oft an en historesche Kontext stellen an hir Besëtzer identifizéieren. Als Zeechesystem bleiwe Wopen an eisem visuelle Gediechtnes bestoen an entwéckelen sech souguer an zäitgenëssesche Forme wéi Markelogoen weider. Am Zesummespill mat den Ausstellungen Ars Heraldica an Insignia, déi de 15. Abrëll 2024 opginn, bitt Iech dës Selektioun vun Dokumenter en déiwen Abléck an d’Heraldik.

Dir fannt dës Selektioun am Espace découverte um Rez-de-chaussée vum Liessall. Wann Iech ee vun dësen Dokumenter interesséiert, kënnt Dir et einfach aus dem Regal huelen. Si kënnen alleguer op der Plaz consultéiert an/oder ausgeléint ginn. Vill Freed beim Liesen!

Aktualiséiert