Noriichten
D’Nationalbibliothéik keeft all Joer faszinéierend nei Objete fir hir Spezialsammlungen. 2023 war do keng Exceptioun, a mir freeën eis, Iech e puer vun den Objeten, déi bei eisen Experten a Chargés de collections groussen Interessi ausgeléist hunn, ze presentéieren.
Vu wäertvollen Dréck bis hin zu zäitgenëssesch Postkaarten, Gravuren an annotéiert Musekskompositiounen huelen Iech dës notabel Acquisitioune mat op eng Rees duerch d’Zäit. Si illustréieren eis Efforte fir den nationale Patrimoine ze conservéieren, seng Laangliewegkeet ze garantéieren, en ze valoriséieren an der Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen.
Am Juli 2023 konnt d’BnL e besonnesch seelent Dokument restauréieren, dat elo Deel vun der Sammlung vu lëtzebuergeschen Dréck aus der Zäit virun 1800 ass. Dëst vum Lëtzebuerger Paschtouer a Bibliophil Martin Blum (1845-1924) am Joer 1924 éischtmoleg beschriwwe Blat gouf warscheinlech fir den Ulass vun der Feier fir den weltleche Jubiläum vun der Wiel vun der Notre Dame de Luxembourg, Tréischterin vun de Betrüübten, zur Schutzpatréinerin vun der Stad (1666) an dem Duché (1678) vu Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny am Joer 1781 verëffentlecht.
De prachtvollen typografeschen Apparat, deen dës heemelegt Gebiet un d’Consolatrix afflictorum begleet an contournéiert, erënnert ouni Zweifel un eng aner wichteg Publikatioun aus dem selwechte Joer: d’Description du jubilé, célébré à l’honneur de Marie, consolatrice des affligés (...), aus der Dréckerei vun den Ierwe vum André Chevalier (BnL, I.L. 234).
No der Verëffentlechung vun enger Gravure am Joer 1684, déi d’Belagerung vu Lëtzebuerg am selwechte Joer duerstellt, benotzt de Koppmayer an dëser Gravure op en Neits e lëtzebuergescht Motiv. Mat enger manner kricherescher Ikonographie vun engem a Tëschenzäit bekannte Motiv leent sech dës Ausgab enk un déi berüümte Panoramavue vun der Stad Lëtzebuerg vum Matthäus Merian de Jonken (1621-1687) aus dem Joer 1659 un.
Déi genau esou villfälteg wéi komplex Verlagsgechicht vun dësem Blat ass gutt erfuerscht a kann allgemeng nogelies ginn an Emile van der Vekene, „Eigentliche Relation der Belagerung von Luxemburg: Flugblätter, Flugschriften, Pamphlete und Pläne aus den Jahren 1683/84/85“, in: Luxembourg et Vauban: exposition organisée à la Villa Vauban du 27 novembre au 23 décembre 1984, Lëtzebuerg 1984, S. 20-44.
Den Exemplaire, dee vun der BnL am November 2023 ugeschaaft gouf, ass handkoloréiert.
Am November 2023 krut d’BnL dëse besonnesch spektakulären ikonografeschen Drock, deen och fir d’Geschicht vun de Spueneschen Nidderlanden vu Bedeitung ass. D’Dréck weisen d’Begriefnes vum Äezrherzog Albert VII. (1559-1621) als Herrscher vun de Spueneschen Nidderlanden. Nieft 64 Gravuren, déi den Trauerzug am Detail weisen, enthalen si e Begleettext an zwee ausklappbar Gravuren. Besonnesch bemierkenswäert an dëser seelener éischter Ausgab ass den dräisproochege Begleettext, deen op Laténgesch, Spuenesch a Flämesch verfaasst ass.
Ënner de Vertrieder vum Benediktineruerden, déi um Trauerzug deel geholl hunn, fanne mir och e bekannte Gesiicht: de Pierre Roberti (1565-1636), Abt vun der Abtei Notre-Dame de Munster an der Stad Lëtzebuerg vun 1602 bis zu sengem Doud am Joer 1636.
Dës illustréiert Postkaart weist eng Vue vun der Entrée zu der St. Willibrord Basilika zu Iechternach. Si gouf vun der Stad Iechternach iwwert den Dépôt légal ofgeluecht an ass Deel vun enger Serie vu 6 touristesche Postkaarte vun der Stad. Op der Récksäit ass weder den Editeur nach den Illustrateur uginn.
D’amerikanesch Zaldote vun der 5. Divisioun waren tëscht November 1918 a Juli 1919 zu Lëtzebuerg stationéiert, notamment zu Esch/Uelzecht, Diddeleng, Dikrech, Iechternach a Fiels. Fir d’Ënnerhalung vun den Zaldoten an der lëtzebuergescher Bevëlkerung goufen eng jett Evenementer organiséiert, dorënner Autoschauen, Sportsconcoursen a Reitturnéieren.
De Lëtzebuerger Komponist Walter Civitareale, deem säi musekalescht Wierk besonnesch fir de lëtzebuergesche Museksrepertoire vum 20. an 21. Joerhonnert vu groussem Wäert ass, huet e weidere Bäitrag zu sengem Museksarchiv am Cedom gemaach. Dësen Deel enthält haaptsächlech Partiture vu Wierker vum Komponist selwer, ma awer och Tounopnamen a Quellen, déi de kënschtlereschen Parcours vum Komponist dokumentéieren.
▪ Dëst ass en editéierten Extrait aus eisem Joresbericht 2023, deen Dir op eiser Säit vun de Publikatiounen erofluede kënnt. Méi gewuer ginn
Aktualiséiert den