Verschidde Servicer si wärend de Portes ouvertes limitéiert Vu samschdes, den 30. September bis sonndes, den 1. Oktober 2023

Am Kader vun de Festivitéite vum 225. Anniversaire vun der Nationalbibliothéik, invitéiere mir Iech op eis Discovery Days, déi den 30. September an den 1. Oktober 2023 statt fannen. Mir wëllen awer drop hiweisen, datt wärend dëse Feierlechkeete verschidde Servicer nëmme limitéiert ugebuede ginn:

  • Leit, déi e Samschdeg, den 30. September hir Bestellungen ofhuele wëllen, mussen e Freideg, den 29. September virun 17:00 Auer hir Reservatioun iwwer a-z.lu maachen. Bestellungen, déi no 17:00 Auer gemaach ginn, kënne vun dënschdes, den 3. Oktober 2023 un am Guichet vum Prêt ofgeholl ginn.
  • De Museksraum ass den 30. September net disponibel.

Wärend den Discovery Days ginn iwwerdeems vill Manifestatiounen an Aktivitéiten ugebueden, déi zu engem gewësse Kaméidi an engem gréisseren Undrang am Liessall féiere kënnen.

Méi iwwer d’Discovery Days gewuer ginn

Aktualiséiert