Entdeckt eise Joresbericht E Réckbléck op d’Joer 2022

D’Nationalbibliothéik feet sech, hire Joresbericht 2022 virzestellen. Mir lueden Iech dozou an, eis Projeten, Aktiounen a besonnesch Acquisitioune vum vergaangene Joer ze entdecken. Eng englesch Versioun vum Bericht wäert geschwënn disponibel sinn.

Am Joer 2022 huet d’BnL hiren Transformatiounsprozess weidergefouert, fir en méi einfachen Zougrëff op d’Sammlungen ze assuréieren a fir d’Notzung vun hire Servicer a Rechercheoutilen ze optimiséieren. An Zesummenaarbecht mam CTIE gouf bibnet.lu op d’Software Alma migréiert, déi et iwwer 80 Bibliothéiken erméiglecht, d’Gestioun vun hire Bibliothéiksdonnéën ze verbesseren a méi effizient dokumentaresch Rechercheoutilen unzebidden. Dës Software erméiglecht och eng méi grouss Autonomie fir Fachkräft a bilt d’Grondlag fir nei Projeten, wéi d’Erweiderung vum Bibliothéiksreseau an d’individuell Upassung vu Rechercheinterfacen.

Insgesamt goufen 22 Projeten ofgeschloss, dorënner d’Neigestaltung vun der Websäit bnl.lu, d’Extensioun vun den Ëffnungszäiten an d’Online-Aschreiwung iwwer MyGuichet.lu, d’Ausstellungen iwwer de James Joyce an de Johny Fritz, wéi och d’Tagung „NS-Bibliothekspolitik und -praxis in Europa“.

Mir soen alle Mataarbechter Merci fir hirt Engagement a lueden Iech an, weider Detailer iwwert eis Projete vum Joer 2022 an eisem Joresbericht ze entdecken.

De Bericht eroflueden

Aktualiséiert