D’Ausstellung “Vu Gäert a Bicher” gëtt verlängert Bis de 17. Februar 2024

D’Nationalbibliothéik weist den Ament eng Ausstellung iwwert Gäert zu Lëtzebuerg. Si huet schonns vill positiv Reaktioune kritt a gëtt vun de Visiteuren héich geschätzt. Wéinst dësem grousse Succès gëtt d’Ausstellung elo bis de 17. Februar 2024 verlängert.

Ausgewielten Dokumenter, vu Bicher an Zäitschrëften iwwer Gravuren, Pläng an Postkaarten, bis hin zu Lidder, illustréieren d’Diversitéit vun historeschen a fiktive Gäert; si entféieren an d’Welt vun der Gaardekonscht, vum Park bis bei de Schoulgaart, vum Klouschtergaart bis bei den Geméisgaart. Vun der Reklamm bis zur wäertvoller botanescher Illustratioun soll de Gaart nei erlieft ginn.

Den Entrée ass gratis.

Aktualiséiert