Gratis Testzougrëff op d’Taylor & Francis E-Book-Sammlung D’Sammlung ëmfaasst iwwer 150.000 E-Books zu enger Panoplie un Themen

D’Nationalbibliothéik freet sech, hire Lieser bis zum 30. Juni 2023 een temporairen Testzougrëff op déi kompletten Taylor & Francis E-Book-Sammlung ubidden ze kënnen. Dës Offer ëmfaasst iwwer 150.000 E-Books zu Themen, wéi Sozialwëssenschaften, Ingenieurswiesen an Technik an och Medezin, Zännmedezin, Krankefleeg a zesummenhänkend Beräicher.

Als Institutioun, déi den Zougrëff op akademesch Ressourcë fërdert, si mir stänneg op der Sich no neien an innovative Weeër, fir eis digital Offer ze verbesseren. Dowéinst hu mir dës Testphas agefouert, fir d’Besoinen an d’Präferenze vun eisen Notzer ze ermëttelen an ze kucken op d’Taylor & Francis E-Book-Sammlung hiren Ufuerderungen entsprécht.

D’Sammlung ass eng héich ugesi Source fir wëssenschaftlech Literatur a bitt Zougrëff zu neiste Fuerschungsresultater a Developpementer a verschiddene Fachberäicher. Mir sinn dovunner iwwerzeegt, datt dës Testphas eise Lieser wäertvoll Ressourcë fir d’Fuerschung, d’akademesch Studium oder fir d’perséinlech Beräicherung bitt an si dozou encouragéiert déi ëmfangräich Sammlung vun E-Books op der der Taylor & Francis-Plattform ze entdecken.

Zougrëff via a-z.lu

▪ D’Informatiounen an dësem Artikel sinn zum Zäitpunkt vu senger Publikatioun korrekt. Beuecht wannechgelift, datt sech eis digital Offer stänneg weiderentwéckelt. Dowéinst kënne verschidden Informatiounen, wéi z. B. d’Modalitéite fir den Zougrëff oder den Inhalt vun Datebanken, säitdeem geännert hunn oder net méi aktuell sinn.

Aktualiséiert