Sëlleg Visiteuren op den Discovery Days an der Nationalbibliothéik 225. Gebuertsdag vun der BnL

D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg seet all de Visiteure Merci, déi um Weekend vun den Discovery Days den 30. September an den 1. Oktober 2023 deelgeholl hunn. 2500 Leit hunn zesummen den 225. Gebuertsdag vun der BnL gefeiert an hir Kollektiounen, Servicer an Infrastrukture kennegeléiert.

Um Programm stoungen eng Tour duerch eis Bichermagasénge an eng Discovery Tour duerch de Liessall. D’Visiteuren haten d’Méiglechkeet, eis Mataarbechter kennenzeléieren a sech op inspiréierend Gespréicher mat hinnen iwwer Theeme wéi Literatur, Konscht, Musek, Kultur a Wëssenschaft anzeloossen.

Fir d’Amateure vum Aussergewéinlechen hate mir e speziellen Highlight virbereet: bei spannende Presentatioune vun de Spezialsammlunge vun der BnL konnt ee seelen a wäertvoll Dokumenter, déi d’Geschicht vum Land gepräägt hunn, entdecken. 

Dernieft hu mir och Presentatiounen an Atelieren ugebuede: d’Hierstellung vun Eisegallus-Tënt, d’Banne vu Bicher oder d’Illustréiere vu Mangaen. Workshops iwwert de Lëtzebuerger Webarchiv, zu eiser Sichmaschinn a-z.lu, eiser Auswiel un digitale Bicher ebooks.lu an eiser VOD-Offer hunn eisen Eventprogramm ofgeronnt.

Vill nei Lieser hunn sech de Weekend ageschriwwen. D’Aschreiwung an der BnL ass gratis a mat der Bibliothéikskaart kann de Notzer seng Bicher reservéieren an ausléinen an op eis ëmfangräich Online-Ressourcen zougräifen.

D’BnL seet hire ville Visiteure Merci fir déi positiv Réckmeldungen, déi si wärend der Portes Ouvertes krut, an dofir datt si der BnL-Ekipp gehollef hunn, hiert Gebai an eng lieweg an animéiert Plaz ze verwandelen, déi fir jiddwereen op ass, an déi d’Kultur fërdert an hëlleft, Wëssen ze verbreeden.

Aktualiséiert