Noriichten
Dëse Site benotzt essentiel Cookien, déi fir säi gudde Fonctionnement noutwendeg sinn a keng perséinlech Donnéeë gebrauchen; dës Cookië kënnen net refuséiert ginn. Net-essentiel Cookië gi fir statistesch Zwecker benotzt a gi just aktivéiert, wann Dir se akzeptéiert. Consultéiert eis Dateschutzbestëmmungen.
D’Nationalbibliothéik freet sech, de Lancement vun hirer aktueller Sensibiliséierungscampagne bekannt ze ginn, déi op déi sëlleg digital Ressourcë vun der Bibliothéik opmierksam mécht.
Traditionell gi Bibliothéike mat de physeschen Dokumenter, déi si konservéieren, a Verbindung gesat, sief et Bicher, gedréckten Zäitschrëften oder wäertvoll Manuskripter. D’BnL ass awer säit Laangem aktiv am digitale Beräich a bitt eng ëmfangräich Offer un digitale Ressourcen, dorënner E-Books, Datebanken, Fachzäitschrëften a Fräizäitpress.
D’Campagne befaasst sech speziell mat der Fräizäitlektür an hieft d’Offer vun der internationaler Presse zu Theme wéi Noriichten, Bastelen, Gaardenaarbecht, Sport, Moud a méi ervir.
Den Zougrëff op dës Titelen iwwer d’Nationalbibliothéik ass komplett gratis, also profitéiert vun dëser eenzegaarteger Offer an entdeckt d’Fräizäitpress a just e puer Klicks!
Aktualiséiert den