D’Empreinte vun der Sonn – Cyanotypie-Workshop
Samschdeg, de 19. September 2026 um 14 Auer
Entdeckt d’Konscht vun der Cyanotypie zesumme mat der Kënschtlerin a Fotografin Marie Capesius an dësem praktesche Workshop. Dir léiert, wéi een eegene Fotogrammer a blue de Prusse schaaft, ganz ouni Kamera, op Stoff a Pabeier, tëscht Technik a Kreativitéit.
Bréngt wgl. Kleeder mat, déi dreckeg dierfe ginn, oder e Schirtech, fir Är Kleeder ze schützen. De Workshop riicht sech un Erwuessener a Jugendlecher ab 14 Joer. De Workshop dauert zwou Stonnen.
Entdeckt och d’Wierker vum Marie Capesius am Liessall vun der BnL bis den 8. Januar 2027.
-
Marie Capesius, Empreinte corps_1 (Extrait)
-
Marie Capesius, Empreinte corps_5 (Extrait)
-
Marie Capesius, Empreinte corps_4 (Extrait)
-
Marie Capesius© Bouchra Jarrar
- Typ:
- Workshop
- Datum:
- Den 19.09.2026 vun 14:00 bis 16:00
- Sprooch(en):
- Englesch, Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch