Spriechstonn mat der Direktioun vun der Nationalbibliothéik
Samschdeg, de 17. Oktober 2026 um 11 Auer
De Carlo Blum an de Claude D. Conter
Och 2026 wëlle mir nach méi mat Iech interagéieren an Iech eis Visioun esou ewéi och d’Projeten un deene mir schaffe méi no bréngen. Dofir proposéiere mir Iech eng Spriechstonn mam Claude D. Conter, dem Direkter vun der Nationalbibliothéik, a mam Carlo Blum, dem Sous-Direkter vun der Nationalbibliothéik, an där Dir net just Froe stellen, mee och Är Iddien äussere kënnt.
Dir hutt d’Méiglechkeet e perséinlecht Gespréich op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch mat der Direktioun ze féieren.
D’Participatioun ass op Umeldung.
- Typ:
- Workshop
- Datum:
- Den 17.10.2026 vun 11:00 bis 12:30
- Sprooch(en):
- Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch, Englesch