Geschicht erliewen mat eluxemburgensia.lu Äre Guide fir de Portal
- Typ:
- Workshop
- Uert:
- Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
- Datum:
- Den 14.06.2025 vun 14:00 bis 16:00
- Unzuel u Participanten:
- 24
- Sprooch(en):
- Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch
© Michel Brumat
Daucht an an déi ëmfangräich Sammlung vu patrimonialen Dokumenter, déi vun der BnL digitaliséiert goufen. Eis Fachleit erklären Iech déi verschidde Funktioune vum eluxemburgensia.lu-Portal a weisen Iech, wéi Dir effikass no Dokumenter siche kënnt. An dësem Workshop entdeckt Dir Zäitschrëften, Zeitungen an aner Ressourcen, déi déi sozial, kulturell a politesch Geschicht vum Land gepräägt hunn.
Dëse Workshop eegent sech fir all Experienzniveauen. Eis Mataarbechter ënnerstëtzen Iech op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.