“I can assure you, the true charm of this world resides in this garden” Vu Gäert am Kino
- Typ:
- Konferenz
- Uert:
- Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
- Datum:
- Den 31.01.2024 um 19:00
- Mat:
- Yves Steichen
- Sprooch(en):
- lb
Gäert a Parken, ob natierlech oder kënschtlech ugeluecht, kënnen déi villfältegst Funktiounen a Filmer iwwerhuelen. Si kënne Raim vum Ausbroch a vun der Weltflucht duerstellen, an deene Protagonisten zu sech selwer oder zu der Natur (zeréck-) fannen, si kënne Plaze fir romantesch, konspirativ oder onheemlech Treffe sinn, si kënnen sech an eng iwwernatierlech-märchenhaft Erzielung integréieren, oder, op engem symbolesche Plang, d’Banneliewe vu Personnagë reflektéieren. Als filmesch Handlungsraim erfëlle Gäert a Parken an der Reegel méi wéi e reng dekorativen Zweck – si gi gewëssermoosse selwer zu engem Protagonist vum Film, onofhängeg dovun, ob et sech dobäi ëm Historiefilmer, Comedien, Dramaen, Horror-, Kriminal- oder Märchefilmer handelt.
Vu L’année dernière à Marienbad (1961) a Blow Up (1962), iwwer The French Lieutenant’s Woman (1981), Edward Scissorhands (1990), The Secret Garden (1993) a Le affinità elettive (1996) bis bei Pride and Prejudice (2005), A Little Chaos (2014) a Kill Bill (2003) ënnersicht dës Ciné-conférence, illustréiert unhand vu sëllegen Extraiten, wéi eng Rollen a Funktioune Gäert a Parken am Laf vun der Kinogeschicht ageholl hunn – a wéi si dobäi jeeweils als Géigegewiicht zum urbane Raum an Zeen gesat goufen.
Den Yves Steichen, Joergang 1983, ass Historiker mat Schwéierpunkt op Kino- a Filmgeschicht a schafft am Service Film vum Centre national de l’audiovisuel.
An Zesummenaarbecht mam Centre national de l’audiovisuel.
Titelzitat aus: The French Lieutenant’s Woman (1981)