Wat Dir ons schonn ëmmer froe wollt Spriechstonn mat der Direktioun vun der Nationalbibliothéik

Typ:
Workshop
Uert:
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Amphithéâtre (3e étage)
Datum:
Den 23.11.2024 um 11:00
Mat:
Claude D. Conter, Carlo Blum
Sprooch(en):
Franséisch, Englesch, Däitsch, Lëtzebuergesch
© Michel Brumat

2024 wëlle mir nach méi mat Iech interagéieren an Iech eis Visioun esou ewéi och d’Projeten un deene mir schaffe méi no bréngen. Dofir proposéiere mir Iech eng Spriechstonn mam Claude D. Conter, dem Direkter vun der Nationalbibliothéik, a mam Carlo Clum, dem Sous-Direkter vun der Nationalbibliothéik, an där Dir net just Froe stellen, mee och Är Iddien äussere kënnt.

Dir hutt d’Méiglechkeet e perséinlecht Gespréich op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch mat der Direktioun ze féieren.

Jiddweree kann ouni Umeldung dorunner deelhuelen.