Virstellung vum neie Lëtzebuerger Lidderbuch 'De Georgely' Georges Urwald

Typ:
Virstellung
Uert:
Stued Theater - 18A route du vin, L-6794 Grevenmacher
Datum:
Vum 30.03.2023 um 19:00
bis den 31.03.2023 um 19:00
Mat:
Georges Urwald
Sprooch(en):
Lëtzebuergesch

Kättchen, Kättchen, bréng mer nach e Pättchen oder Un der Atert, no beim Waasser si Lidder, déi gären a Gesellschaft gesonge ginn. Et ginn der awer eng sëllege méi. Dat neit Lidderbuch De Georgely ass eng Sammlung vun 300 beléiften Lëtzebuerger Lidder mat Texter, Melodien a Begleetakkorden. De Georgely gëtt en Iwwerbléck iwwert de Räichtum vun der Musek an de literareschen Texter zu Lëtzebuerg vum 19. Joerhonnert bis haut. Vill Lidder gi fir d’éischt an Nouteform publizéiert. D’Lidderbuch vereinfacht Museksensembelen, Schoulen a Privatleit den Zougang zum Repertoire vum gesellegen, Lëtzebuerger Lidd.

Den éischte Band vum Georgely ass erausgi vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik an Zesummenaarbecht mat dem Institut européen de chant choral (INECC) an dem Stued Theater. Dës Sammlung gëtt mat engem zweete Band mat politesche Lidder vu Lëtzebuerg weidergefouert. D’Lidderbuch ass nom landbekannten Dréiuergelspiller vu Gréiwemaacher, dem Georges Weyer (1848-1924) benannt.