Wat Dir ons schonn ëmmer froe wollt Spriechstonn mam Direkter vun der Nationalbibliothéik

Typ:
Workshop
Uert:
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Datum:
Den 04.02.2023 um 11:00
Mat:
Claude D. Conter
Sprooch(en):
Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch, Däitsch

D’BnL empfänkt méi wéi 600 Lieser pro Dag an ass domat e wichtege Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. Dir kommt bei eis fir ze léieren, ze recherchéieren oder einfach just e rouege Moment ze genéissen.

2023 wëlle mir nach méi mat Iech interagéieren an Iech eis Visioun esou ewéi och d‘Projeten un deene mir schaffe méi no bréngen. Dofir proposéiere mir eng Online-Spriechstonn mam Claude D. Conter, dem Direkter vun der Nationalbibliothéik, wou Dir net just Froe stellen, mee och Är Iddie fir d’BnL äussere kënnt.

Wéi eng Zeitungen digitaliséiere mir deemnächst? Firwat huet de Portal a-z.lu am November 2022 geännert? Firwat kann ee verschidden Dokumenter net mat heem huelen? D‘BnL steet Iech de 4. Februrar 2023 ab 11.00 Auer Ried an Äntwert.